Léif Memberen an Frënn vun den Mamer Wiselen,


Eist ganzt 3. Trimester ass wéinst der aktueller Situatioun vun der Covid-19-Kris ofgesoot.

Déi nächst Scoutsaktivitéit ass soumat réischt am September 2020.


D'Wisefest, dat den 21. Mee sollt stattfannen, gëtt och ofgesot


Ausserdeem goufen folgend fédéral Aktivitéiten ofgesot:


1. All d'Formatiounen

2. Beaver Fun Day - 9. Mee 2020

3. CP/SP Weekend - 9/10. Mee 2020

4. Explorerraid - 15/16. Mee 2020

5. MaykaDifference-Day - 17. Mee 2020

6. Pow-Wow - 11/12. Juli 2020

7. Mowglica - 18/24. Juli 2020

8. Nepal Camp - 27. August/11. September 2020

9. Den Eurojamboree an Polen gouf verluescht op 2021


Den nächsten Wisel kënnt domadder den 1. Mee raus


Summercamp an Eisträisch


Wéinst da Ongewëssheet, wat d'Entwecklung vun der aktueller Kris betrefft, hunn d'Cheffen d'Decisioun geholl fir den Summercamp fir 2020 oofzesoen.

En gëtt warscheinlech 2021 nogeholl.

Fir en Remboursement fir Aktivitéiten aus dem 2. oder 3. Trimester an dem Pizzaowend misst dir eis w.e.g. eng Mail maachen op astrid.kontz@gmail.com mat Kontosnummer an Numm vun da Persoun där den Konto gehéiert.


Mir halen iech weider um Laafenden.


Bléiwt all gesond an Lénks Patt,

Är Cheffen


Anleitung zum Masken selber nähen


Anleitung (DE) Download

Instruction pour confectionner des masques soi-même


Instruction (FR) Download

Youtube Tutorial

Link to Youtube

Eist Home fann der hei