Dir sidd interesséiert un de Mamer Wiselen ? Devenir Membre ?
Huelt einfach mam Ben ( This e-mail address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it. ) Kontakt op oder kommt an an eng Versammlung am Home zu Mamer! (Informatiounen iwer eiser Programm fannt der am Wisel als PDF hei um Site, kuckt am Menü ennert "De Wisel").
Mir fréeën eis iwer all Member a mir sinn op fir jiddereen!
Eis Branchen :
Beaver (6-8 Joer)
Wëllefcher (8-11 Joer)
Scouten a Guiden (11-15 Joer)
Explorer (15-18 Joer)
Rover (18-26+ Joer)
Cheffen (Motivéiert Leit ab 17 Joer, déi sech bénévol engagéieren wëllen!)
Cotisation annuelle :
25€ (Affiliatioun un d'FNEL + Assurance accident + klenge Beitrag fir de Grupp selwer)
Doduerch krit der all Trimester mindestens 2x "de Wisel", eis Zeitung mat all de Programmer an aneren Informatiounen, heemgescheckt.
Bezuelen ?
Onkäschten (Iessen, Locatioun vun engem Home, Material, asw ) sinn emmer pro Aktivitéit ze bezuelen.
Cheffen :
Eis Cheffen ginn net bezuelt! All hiert Engagement ass fräiwelleg an hier Belounung ass e klenge Merci vun de Scouten, super Momenter mat de Kanner/Jugendlechen an einfach nemmen e Lachen wat een zreckkritt!
Déi meescht vun eise Cheffen hun eng Formatioun bei der FNEL gemach (oder se sinn domadder amgangen) an intern am Grupp ass et wéi ëmmer am Scoutissëm esou geregelt dass déi méi jonk vun deenen alen léieren kennen (an natielesch och emgedréit!).
Aktivitéiten :
D'Aktivitéiten déi mer machen sollen e gewessen Ausgläich zum Alldag brengen am Kader vun enger non-formaler Erzéihung (inkl. Responsabiliséierung an all Alter) an natielesch kennt de Spass net ze kuerz!
Mir si ganz vill dobaussen, sief et ronderem d'Home oder an de Bëscher ronderem Mamer.
De Grupp
Gegrënnt 1977 an am Joer 2011 nach emmer ganz stark vertrueden, sief et bei Aktivitéiten am Duerf oder intern an der FNEL, wou vill vun eise Cheffen leedend Rollen a grouss Responsabilitéiten iwerholl hunn.
Weider Informatiounen iwer eis Geschicht, fannt der och an eiser Brochure (30 Joer Mamer Wiselen, 1977-2007), déi der am Wiselshop kennt kafen, oder beim Ben ( This e-mail address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it. ) kennt bestellen.
Mir sinn zu 100% politesch neutral, a wann eenzel Memberen nieft de Scouten an enger Partei aktiv sinn, sou leeë mir grousse Wärt drop, dass dat hiert Engagement bei de Mamer Wiselen net beaflosst.
